Wikipedia:Wikiproject/Erfgoed/Belgische Erfgoedinventarisatie/Website/Organisation-LB
De Foto-Concours Wiki Loves Monuments an der Belsch an zu Lëtzebuerg gëtt vu Wikipedia-Benotzer a verschiddene Sproochversiounen organiséiert. D'Zil vun der Wikipedia ass et, eng fräi Enzyklopedie an all Sprooch opzebauen. Dëse spezifesche Projet – a Form vun engem Foto-Concours – huet als Zil, Biller vu klasséierte Monumenter an deene Länner jidderengem zur Verfügung ze stellen an d'Artikelen op Wikipedia mat Billermaterial ze beräicheren..
De Foto-Concours Wiki Loves Monuments leeft vum 1. September bis den 30. September 2011.
Reegelen bewerken
- D'Fotoe solle wärend dem Concours nëmme vun hirem eegene Fotograf eropgeluede ginn;
- D'Fotoe mussen ënner enger fräier Lizenz publizéiert ginn, am léifsten ënner CC-BY-SA 3.0;
- Wann d'Bild eropgeluede gëtt; muss d'Nummer vum Monument (just fir d'Belsch) a seng Beschreiwung ugi ginn;
- Der musst eng valabel E-Mail-Adress op Ärem Konto bei Wikimedia Commons registréiert hunn;
- D'Decisioune vum Jury sinn definitiv a kënnen net contestéiert ginn;
Beschreiwungen (an Nummeren) vun de Monumenter sinn op dëse Lëschten ze fannen.
Jury bewerken
- Dirk Van Esbroeck
- Den Dirk ass e Wikipedia-Benotzer, schonns 30 Joer laang Amateurfotograf, Member vum Bond Verantwoorde Natuurfotografie (Bond Verantwortungsbewosst Naturfotografie) a vum Fotoclub KunstLigt zu Wachtebeke.
- Tijl Vereenooghe
- Den Tijl ass Administrateur vun erf-goed.be. Dës sammelt, änlech wéi dës Wiki-Loves-Monuments-Aktioun, Biller vu klasséierte Monumenter a Flandern.
- Michiel Hendryckx
- De Michiel ass e flämesche Pressefotograf Produzent vun Televisiounsprogrammer, wéi „De bende van Wim“ an „Het Bourgondisch complot“.
- Luc Viatour
- De Luc ass ee vun den aktivste Benotzer op Wikimedia Commons. Hien huet do Dosende vun exzellente Biller eropgelueden (Iwwersiicht).
Präisser bewerken
Vun alle Biller ginn déi fofzeng Bescht vun enger Jury ausgewielt.
- Éischte Präis: en Tablet (iPad 2 oder Samsung Galaxy Tab 10.1) oder e Bong vu 450.-Euro
- Zweete Präis: e Bong vun 200.- Euro
- Drëtte bis fënnefte Präis: e Bong vun 100.- Euro
- Sechste bis aachte Präis: e Bong vu 50.- Euro
- Néngte bis fofzéngte Präis: e Pak Bicher, gestëft vum VIOE
Ausserdeem kréien d'Fotografe vun deene 15 beschte Biller e Wiki-Loves-Monuments-T-Shirt mat hirem Bild drop geschéckt, an e Zertifikat vum Jury.
Mir soen eise Partner a Sponsoren Merci, déi et erméiglechen, de Fotografen esou flott Präisser kënnen ze ginn. Eng Iwwersiicht fannt Dir op: [Partner a Sponsoren].
Dir kënnt wielen tëscht engem Bong vu Media-Markt, Fnac oder Coolblue.