Wikipedia:Wikiproject/Erfgoed/Belgische Erfgoedinventarisatie/Website/Matmaachen

Dir kënnt bei Wiki Loves Monuments matmaachen, andeems Der Biller vu klasséierte Kultur-Monumenter, déi Dir selwer fotograféiert hutt, am Laf vum September 2011 eropluet.

Wéini Der dat Biild gemaach hutt, ass egal. D'Haaptsaach ass, datt Dir et am September wéi ënne beschriwwen eropluet.

En Iwwerbléck vun alle Monumenter an (fir d'Belsch) hirer Nummer fannt Dir hei: [Lëschten].

En Iwwerbléck iwwer d'Reegelen an d'Präisser, déi ze gewanne sinn, fannt Dir op der Säit: [Organisation-LB].

E Konto opmaachen bewerken

Fir kënne beim Foto-Concours Wiki Loves Monuments an der Belsch an zu Lëtzebuerg matzemaachen,musst Dir e Konto op Wikimedia Commons hunn. Wann Der do nach keen hutt, kënnt Der [hei] een opmaachen. Dir musst eng valabel E-Mail-Adress op Ärem Konto bei Wikimedia Commons registréiert hunn.

Wikimedia Commons ass déi zentral Datebank fir Biller an aner Medien, déi ë.a. an der Wikipedia gebraucht ginn.


Biller eroplueden bewerken

Fir kënne Biller eropzelueden, musst Dir op Wikimedia Commons ageloggt sinn. An deem Fall ass de Knäppchen „Umellen/E Benotzekonto opmaachen“ riets uewen duerch Äre Benotzernumm ersat. Dir hutt zwou Méiglechkeeten, d'Biller eropzelueden:

  • Iwwer den [Assistent fir Fichieren eropzelueden]
  • Mat Hëllef vun engem [Formulaire]

Sicht Iech eraus, wat fir eng Method Iech am kammoudsten ass. Heidrënner steet, wourops Der dobäi oppasse musst.

Wichteg Punkten bewerken

  • Gitt Ärem Bild ("Zieldatei") en Numm, deen eppes ausseet. Beispill: amplaz "IMG 01234.jpg" nennt en "Clervaux Castle seen from South.jpg", "7 rue Principale in Dingelsscheid.jpg", asw.
  • Bei Monumenter an der Belsch: wielt déi betreffend Regioun aus a schreift d'Nummer vum Monument aus der Lëscht dobäi. Déi Lëtzebuerger Monumenter hu keng esou eng Nummer.
  • Beschreift Ärt Bild méiglechst genee, a wa méiglech an esou vill Sprooche wéi méiglech. Dir kënnt "Sproochekëschte" fir Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch an Hollännesch eraussichen an derbäisetzen.

Zousätzlech Informatiounen bewerken

Wann der d'Bild eropluet, kënnt Der em eng Kategorie ginn. Zu Lëtzebuerg ass dat z.B. "Cultural heritage monuments in xxx" (xxx = Numm vun der Gemeng op Franséisch).

Wann Der wëllt, kënnt Der d'Bild an déi Lëscht vun de Monumenter, wou et higehéiert, asetzen.



Biller vu Monumenter, déi net am September eropgeluede goufen, oder Biller vu soss Sujete kënne leider net beim Concours matmaachen, sinn awer natierlech ëmmer wëllkomm!